Nos formations

Inscription

FC 1716 „Wéi kënne mer Kanner staark maachen? Wéi kënne mer Kanner Demokratie erliewe loossen?“

  • Image - Schedule 12 Stonnen
  • Image - Language luxembourgeois
  • Image - Location Entente des Foyers de Jour  4, rue Jos Felten, L-1508 Howald
  • Image - Material Aucun
  • Image - Price 84.00 €

    inklusive Kaffeepausen / ohne Mittagessen

    • FC 1716
    • de 4 à 12 ans
    • 5 place(s) restante(s) sur 15
    • lundi 06.11.2017
    • Personnel éducatif
    • mercredi 06.12.2017 De 09:00 à 15:30 lundi 11.12.2017 De 09:00 à 15:30
 

Contenu

Staark Kanner brauche staark Erwuessener, déi bereet sinn e Stéck vun hirer Muecht ofzeginn, déi si just dofir hunn, well si méi grouss a méi kräfteg wéi Kanner sinn.
An dëser Formatioun gëtt gekuckt wat dat heescht Muecht ofzeginn, d’Kanner selwer-, oder mat entscheeden ze loossen. Wéi kënne mer dat ënnerstëtzen? Wéi kënne mer de Kanner hëllefe selwer responsabel Entscheedungen ze treffen? Wou sinn d’Grenze vu Participatioun, den Erwuessenen hier, an de Kanner hier?

Grondlage vun der Bedeelegung vu Kanner am SEA

  • Wat heescht Participatioun?
  • Participatioun a Bildung.
  • Participatioun an Demokratie.

 
Dialogwerkstatt

  • Nolauschteren
  • Froe stellen
  • Konkretiséieren
  • Visualiséieren

Objectifs

Teilnehmer kréien eng aner Vue op d’Kanner, an domat eng aner Relatioun zu de Kanner.
D’Verständnis vum Bildungsoptrag an der non-formaler Bildung gëtt méi kloer.

Méthode

  • Theoreteschen Input
  • Klenggruppenaarbecht
  • Diskussioun an der grousser Ronn

 
Dës Formatioun riicht sech un all Erzéier/Pädagogen… déi an engem Team am non-formale Beräich schaffen. Et ka vu Virdeel sinn, wa méi wéi 1 vun engem Team matmécht, ass awer keng Viraussetzung.

Intervenant

Chris Thill

Educateur gradué
Systemesch Familienaarbecht
Multiplikator vun der « Kinderstube der Demokratie »

InscriptionToutes